Am Juli hate mir eech uagekënnigt dass mer am Kader vuam 600jährigen Anniversaire vuan der Nassau-Dynastie zu Veinen en Ousfluch op Dillenburg machen, d’Wéi vuan de Nassau-Dillenburger, déi mam Engelbert I. den 1.Veiner Nassauer Groof (1417-1442) gestallt hon.
Mir fuare Samstes de 7. Oktober 2017 op Dillenburg mat dësem Programm, dä mir zesomme mat dem “Geschichtsverein Dillenburg” opgestallt hon :
- 06.00h : Départ mam Bus zu Veinen
- 09.30h : Arrivée zu Dillenburg
- 10.00h : Empfank op der Gemän (Burgemäster, “Geschichtsverein” a “Museumsverein”)
- 11.00h bis 13.00h: Visite vuan den historische Platzen vuan Dillenburg
- 13.30h : Mëttigäässen
- 15.30h : Retour op Veinen
Fir dësen interessanten Ousfluch kënnt dir ech ousschliesslich uamellen durch Iwerweisung- bis de 15. September – vua 50€ op ä vuan de Konten vuan de Veiner Geschichtsfrënn.
CCPL: LU35 1111 0115 1468 0000
BCEE: LU82 0019 4900 0414 4000
BGLL: LU43 0030 2417 7282 0000
BILL: LU45 0020 1280 9300 0000
Déi Leit déi den Ousfluch matmachen, kreien viruam 1. Oktober en detaillierte Programm mat allen Informatiunnen.